Mobil ënnerwee: Digital Léisungen fir jiddereen
Tue, 22 Oct
|CFL - Centre des conférences
Time & Location
22 Oct 2024, 10:50 – 16:30
CFL - Centre des conférences, 9 Pl. de la Gare, 1616 Gare Luxembourg, Luxemburg
About the event
An enger Welt an där digital Léisungen ëmmer méi wichteg ginn an analog Offere gläichzäiteg ofhuelen, si mir eis eiser Responsabilitéit bewosst, jiddereen aus eiser Gesellschaft an des Entwécklung mat anzebannen.
Sief et fir eemol séier ze kucke wéini den nächsten Zuch fiert, eng Rees ze plangen, Reservatiounen ze buchen, Billjeeën ze kafen, en FLEX-Auto ze lounen oder den eegenen Auto / Vëlo ze parken, ... mir hu fir all Är Mobilitéitsbedierfnesser passend a kamoud digital Léisungen. Als zouverlässege Begleeder an Ärem Alldag stinn Iech eis Applikatioune souwéi eis Internetsäit zu all Moment zur Verfügung.
Kommt bis laanscht a loosst Iech vun eisen Experten an enger entspaanter Atmosphär beroden. Sie informéieren Iech gären iwwert déi neisten Entwécklungen an hunn op all Froen ronderëm Är Mobilitéit eng Äntwert.
Wéini ? Dënschdeg, den 22. Oktober 2024 vun 11:30 bis 16:30
Wou ? CFL -Centre des conférences 9, Place de la Gare L-1616 Luxembourg
Dir sidd häerzlechst agelueden dës Invitatioun mat Ären Memberen an all aaner interesséiert Persounen ze deelen. Mir freeën eis op jiddereen den laanscht kennt.